Liewen
Am Beräich vun de Liewensversëcherungen ass d'Konkurrenz tëschent den eenzelnen Assureuren äusserst aggressiv an d' Primen ginn heefeg ugepasst.
Dofir ass ët nët méiglech, op der Grondlag vun énger Maartanalys zu éngem bestëmmten Zäitpunkt eng global Klassifizéierung vun de Versëcherungsgesellschaften ze machen. Bei énger Ufro fir eng Versëcherung ofzeschléissen, kënnt et vill méi drop un, ier een den Vertrag ënnerschreiwt, d'Primen an d'Leeschtungen vu verschiddenen Offeren mateneen ze vergläichen.
Esou kënnt Dir Iech drop verloossen, dat mir Iech ëmmer déi gënschtegst Versëcherungsléisungen ubidden, egal woufir ët sech handelt:
- eng klassesch Liewensversëcherung
- eng Kreditversëcherung
- fondsgebonnen Investitiounsproduiten mat Kapitalgarantie
- eng Altersversëcherung (Zousaatzpensioun)
Är Zukunft läit eis um Härz, dofir bidde mir Iech Versëcherungsprogrammer vu finanziell gesonden an renomméierten Versëcherungsgesellschaften un, déi an der Lag sin, Iech laangfristeg sëcher Investitiounen ze garantéieren.
|