Krankenversëcherung
Duerch Erfahrung am Beräich Gesondheetsversëcherung souwéi duerch eis Kontakter mat enger ganzer Rei vun internationale Partner befannen mir eis, am Verglach mat lokalen Versëcherungsvermëttler an enger privilegéierter Positioun.
Esou kënne mir z. B. op Krankenversëcherungsprogrammen zeréckgräifen, déi op méi spezifesch Besoinen zougeschnidde sin, wéi z. B. d'Ufuerderungen bei d'Demanden op Ausstellung vun engem Visa fir d' Russesch Föderatioun, d'Ukrain oder d' Republik Belarus.
Doriwwer eräus hu mir iwwer renomméiert Versëcherungsgesellschaften Zougang zu international gültegen Gesondheetsversëcherungen, déi weltwäit vu medezineschen Ariichtungen/Déngschtleeschter unerkannt sinn. Wann ee Member bei esou enger Krankeversëcherung ass, erliichtert dat am Noutfall den Zougang zu medezineschen Soinen bei Reesen a friem Länner.
Esou eng Versëcherung kann een esouwuel fir e kurzen Zäitraum wéi och op Joeresbasis ofschléissen.
Profitéiert och Dir vun eiser Erfahrung am Beräich Gesondheetsversëcherung!
|